Si wënschen sech näischt anescht wéi a Fräiheet a Fridden ze Liewen. Dësen Usproch ass legitim – an e verdéngt eis voll Solidaritéit.
Si wënschen sech näischt anescht wéi a Fräiheet a Fridden ze Liewen. Dësen Usproch ass legitim – an e verdéngt eis voll Solidaritéit.
Meng Gedanken si bei alle Mënschen am Iran an an der Regioun. Besonnesch bei de Fraen, de StudentInnen an deene villen DemonstrantInnen, déi sech an de leschte Wochen a Méint mat Courage fir Fräiheet, Mënscherechter a Gerechtegkeet agesat hunn.
Mat grousser Suerg kucken ech haut op den Iran an déi ganz Regioun, no den Attacken vun der leschter Nuecht – nees ausserhalb vun all internationalem Mandat an domat a Verletzung vum Vëlkerrecht.
Demokratie brauch e konsequente juristesche Schutz.
#SLAPP #Pressefräiheet #Rechtsstaat #Lëtzebuerg #déigréng
Ech hunn dowéint haut an der Commissioun Amendementer déposéiert fir des Prozeduren mat an den Dispositif ze huelen.
Plaintes avec constitution de partie civile & citations directes falen net ënnert de Schutz.
Dobäi ginn grad dës Prozeduren elo schonn dacks mëssbraucht.
De Gesetzesprojet den d'Directive transposéiert geet iwwer d’EU-Reegele eraus. Dat ass gutt.
Mee: Eng wichteg Lück bleift am Text.
SLAPP-Kloen si kee „normale“ Rechtssträit.
Si déngen dozou, Journalist*innen an ONGen anzeschüchteren – an monddoud ze maachen.
Op Nofro hinn seet de Xavier Bettel dann an der Chambercomissioun d‘Interventioun vun den USA am Venezuela wier „kloer net konform zum internationale Recht vis-à-vis vum emploi de la force“, dat ass positiv, mee wisou steet dat net am Communiqué vun der Regierung ?
Vëlkerrecht ass net à la carte: d’Attack vun den USA op Venezuela ouni internationaalt Mandat ass net akzeptabel, och net géintiwwer Autokraten.
D’Europäesch Unioun muss Verantwortung iwwerhuelen a sech kloer fir Multilateralismus a Diplomatie asetzen.
#Venezuela #droitshumains #Usa #Diplomatie #EU
Menger Meenung no: Dat a fir ze maache wéi wa se géingen „manner radikal“ sinn.
Fazit: Ech si frou iwwert de Fortschrëtt 🙌.
Mee ech fannen et bedenklech, wann d’Regierung mat juristesch schwaachen Argumenter probéiert eng viregt Propose als „extrem“ duerzestellen.
D’Wourecht ass: béid Varianten erlaben Restriktiounen. Dofir brauch e just den Avis vum Staatsrot ze liesen.
Wat d'liberté de conscience ubelangt, dat ass effekiv e "Grondrecht" am Artikel 14 vun der Verfassung a wor net a Fro gestalt.
De Staatsrot huet d'Propose anescht gelies an och de franséiche Conseil d'Etat gesäit keen Ennerscheed tëscht "droit" a "liberté" (déi Nuance huet CSV-DP aus 🇫🇷 importéiert).
Déi Lénk haten genee esou eng Formuléierung proposéiert: d’Recht, mam Verweis op e Gesetz dat festleet wéi et ausgeüübt gëtt.
D’Argument, dat wier „ze absolut“ oder „net aschränkbar“, ass also net haltbar.
D’Verfassung kennt am Kapitel „libertés publiques“ souwuel Fräiheete wéi Rechter.
An: Den Artikel 37 erlaabt kloer, dës Rechter duerch Gesetz ze regléieren an och anzeschränken.
D’CSV (wéi virdru schonn d’DP) wëll den Avortement net als Recht, mee als Fräiheet verankeren.
Argument: „Soss wier et e Grondrecht a kéint net ageschränkt ginn.“
Dat ass net richteg.
Et ass positiv, datt och d’CSV mat op de Wee geet: den Avortement soll an d’Verfassung! 🎉 Dat ass e wichtege Schrëtt fir d’Recht op Selbstbestëmmung.
Mee d’Argumenter vum Premier si juristesch net iwwerzeegend… 🧵
A wann ee seet, dat wier “Totalitarismus” dann ass dat schwéier nozevollzéien. Totalitär ass et, wann de Staat zwéngt oder verbitt. D Verfassung soll keen zwéngen, eng Ofdreiwung ze maachen. Se soll just sécherstellen, datt Fraen net vun aneren hire Virstellungen ofhängeg ginn.
➡️ Rechtssécherheet: kee Gesetz kann et einfach kippen.
➡️ Schutz virun Réckschléi.
➡️ Selbstbestëmmung an Dignitéit fir all Fra.
Eis Mammen a Bomien hu Joerzéngte fir Selbstbestëmmung gekämpft. Haut gesi mir am Ausland, wéi esou Rechter nees a Fro gestallt ginn. Fir dat bei ons ze verhënneren: D’Recht op Ofdreiwung gehéiert an d’Verfassung.
Ech verstinn, datt ee sech schwéier deet mat Ofdreiwungen. Mee eng Fra, déi an esou enger Situatioun ass, deet sech nach vill méi schwéier. D’Ofdreiwung ass keng liicht Decisioun. An awer ass et eng Decisioun, déi déi betraffe Persoun selwer huele muss – net d’Politik, d’Kierch, d’Gesellschaft.
Ofdreiwung an d’Verfassung: méi Fräiheet, net méi Diktat!
Et geet net drëm, Meenungen opzedrängen, mee Rechter ofzesécheren.
Zitat vum Luc Frieden @100.7
Bréckebauer ?
Bravo un OGB-L & @lcgb.lu, datt se décidéiert hunn hir Kräften ze bündelen. Gewerkschafte sinn e ganz wichtegen Deel vun der Zivilgesellschaft. Dat dote stärkt sie an domatt och déi ganz Zivilgesellschaft an hirem Asatz fir méi sozial Gerechtegkeet an domatt fir méi Demokratie. 💪🏻👏
Den Aarbeschsminister fennt et e Skandal dass Deputeierten iwwer d'Diskussiounen an enger parlamentarescher Kommissioun (mat der Presse) schwetzen, mee wat fir en Demokratieverständnis huet hien?! Wann et em sou wichteg Themen wei de Mindestloun geet, da muss dat grad eng öffentlech Diskussioun sin!
gudden a kloeren ITW mam @samtanson.bsky.social iwwert international a national Politik déi méi zukunftsorientéiert muss sinn. www.rtl.lu/radio/invite...
@samtanson.bsky.social Den Natur- a Klimaschutz huet keeng Stëmm méi an der Regierung. D’Pionéier vun der Energietransitioun si massiv veronséchert ginn. Déi nächst 39 Méint maache mir Oppositiounspolitik, déi net nëmme géint d’Regierung geet – mee fir déi, déi keng Lobby hunn.
#gK2025
@samtanson.bsky.social sozial gerecht Entlaaschtung fir Mëttelschicht a kleng Revenuen. Déi Leit investéieren hir Suen net an Aktien a spekulativ Immobilien mee an d’Ekonomie vum Alldag: am Supermarché beim Handwierk bei de lokale Betriber. Zousätzlech Recetten däerfen net hir Käschte goen. #gK2025
@samtanson.bsky.social iwwer d’Prioritéite vun der Regierung: Iwwer zwou Milliarden Euro u Steiercadeauen, déi zënter dem Regierungswiessel am Pluriannuel festgehalen goufen – fir Entreprisen, Promoteuren an haaptsächlech déi, déi souwisou scho genuch hunn. #gK2025